Badminton a vill méi ...
Waldbëlleg huet definitiv een neie Sportsveräin!
Nieft Fussball an Dëschtennis kënne Grouss a Kleng geschwënn deem klenge Ball mat de Plommen nolafen. Op der Grënnungsversammlung den 23. Oktober 2012 hu sech insgesamt
6 Leit an den neie Comité gemellt. Dee wäert Ufank November zesummekommen, fir virun allem d'Statuten ënnert d'Lupp ze huelen an eventuell kleng Korrekture virzehuelen. Op dëser dann 1. Comitéssëtzung gi weiderhin all Schrëtt
an Ugrëff geholl déi ze maache sinn, fir datt ab Ouverture vun der Hal direkt kann ugefaange gi mat trainéieren.
Während der Grënnungsversammlung ass opgefall, datt eng Rei Leit schonn um Hobby-Plang mam Badminton
ze dinn haten, awer weider soss keen an engem anere Veräin lizenséiert war. Allerdéngs ass mam Alain Wenner vun Haler de fréiere Sekretär vun der Aris dobäigestouss, also ee Mann dee
sech gutt op administrativem Plang auskennt a scho laang ënner Kollege Badminton spillt.
Mir hunn eis virgeholl, net nëmme bei de Kanner ab August 2013 mat e puer Equipen unzetrieden, mä wéinstens och eng Senioren-Equipe
unzemellen, déi direkt kompetitiv soll ginn, fir sou séier wéi méiglech aus den ënneschten Divisiounen erauskrabbele kann. Wann eis Jugendspiller e puer Joer trainéieren an en uspriechende Niveau hunn, solle si mat 17,
18 Joer net mussen an enger 4. Divisioun spillen, mä mindestens an der drëtthëchster, besser nach an enger méi héijer untriede kënnen.
Mir invitéieren de Schäfferot fir de Mount Dezember
an eise Comité. Do gëtt dann ë.a. gekuckt, wéi d'Linnen anzezeechne sinn an der Hal, wéi ee Material nach gebraucht gëtt (Netzer, Computer mat Internetuschloss, Drucker, ...) a wéini
mir eis mat deenen anere Veräiner treffe weenst den Trainingszäiten.
Fest steet, datt déi motivéiert Equipe léiwer haut wéi mar lassfuere wëllt, souwuel op administrativem
wéi och op sportlechem Plang.
23.Oktober 2012: De Veräin gouf gegrënnt!